Wat ech Iech ubidden:

Fraen, Männer, Kanner

Ob klassesch Coupë fir den Alldaag oder extra Coiffurë fir ganz speziell Momenter. Deelt mir Äre Wonsch mat, ech maache mäi Bescht, fir Iech deen ze erfellen.


Hoerextensiounen

Mam spezielle Wärmzaang-Verfaaren kritt Dir op eng professionnell Manéier Hoerextensioune gemaach. Dobäi kritt Dir eenzel Echthoermèchen an Är Hoer geschweest, déi bis zu 6 Méint halen.

 

Weider Informatiounen an een Devis kritt Dir am Geschäft.


Make-up

Mat bekannte Produkter aus verschiddene Gammen, wéi ënner anerem "MAC-Cosmetics", bidden ech Iech och Maquillagen an Neellackéierungen un.