Bleift informéiert -mam DZH-Newsletter !

* indicates required

THIS IS NEWS !


13/03/2017: Chèqueiwwerreeschung Télévie 2017

Mir soen nach eng Kéier villmools Merci un all déi Leit, déi beim Event "Mat Häerz an Hoer" matgemaach hunn. Haut hu mir am neien RTL-City Gebai dem Diane Wunsch de Chèque am Wäert vun 1.350,05 EUR iwwerreescht.

 

We would like to thank everybody who participated to the event "Mat Häerz an Hoer". Today we handed over to Diane Wunsch the check for 1.350,05 EUR in the new RTL-City building.


01/02/2017: Eis nei Mataarbechterin, Tamara

Ech hunn déi grouss Freed Iech unzekënnegen, dass säit dem 1. Febraur 2017 meng nei Mataarbechterin a mengem Salon ugefaangen huet. D'Tamara (lénks) ass eng top Coiffeuse mat ganz gudder Erfaarung, där Dir Iech zu 100% uvertraue kënnt. Ech si mir ganz sécher, dass hat Är Wënsch mat Professionalitéit an Erfëllung wäert bréngen.

 

I am rejoiced to announce that my new co-worker started on February 1st, 2017. Tamara (left) is a top hairdresser with great experience, whom you can trust at 100%. I am sure that she will satisfy your wishes with professionalism.


21/12/2016: Schéi Feierdeeg un iech all !


18/12/2016: Mat Häerz an Hoer 2016

Léif Lieser,

 

Mir hu well eis éischt Spenden-Aktioun hannert eis a sinn immens frou, dass alles esou wonnerbar geklappt huet. Den Event war e risen Erfolleg, en ass immens gutt bei de Visiteuren ukomm a mir hoffen, dass mir dat d'nächst Joër nees organiséiere kënnen.

 

E grousse Merci geet un eis Sponsorë Schwarzkopf an Domaines Vinsmoselle, déi eis frëndlecherweis ënnerstëtzt hunn. Mir soen och dem RTL villmools Merci fir hir Visite an eisem Coiffersalon.

 

Mir si stolz iech matzedeelen, dass mir an engem Sonndeg 1.350,05 EUR zesumme kritt hunn, déi un d'Fondatioun KIWANIS wäert iwwerwise ginn.

 

Fotoen zum Event fannt dir ënnert der Rubrique "Fotoen".

 

En décke Merci un iech alleguer !

 

Dear readers,

 

We finally had our first fund-raising campaign and we are rejoyed that it worked out perfectly. The event was a big success, the visitors were all happy about it and we hope that we'll be able to do it again next year.

 

We would like to thank our sponsors Schwarzkopf and Domaines Vinsmoselle for their friendly support. Also, we would like to thank RTL for visiting us in our hair-salon.

 

We are proud to announce that in only one sunday we were able to raise 1.350,05 EUR that will be transferred to the KIWANIS-foundation.

 

You can see some pictures of the event under the section "Fotoen" above.

 

Thanks a lot to all of you !


18/11/2016: Mat Häerz an Hoer 2016

Hisiichtlech zum groussen Télévie-Dag den 22. Abrëll 2017 wäert de Coiffersalon Daniela Zimmermann Hairdressing séng éischt grouss Spenden-Aktioun "Mat Häerz an Hoer" lancéieren. Dëss Aktioun wäert de Sonndeg, 18. Dezember 2016 zu Bäertreff stattfannen.

Matmaache kann all Mënsch - Fra, Mann a Kand -  sou dass mir hoffentlech eng schéi Somme zesummegesammelt kréien. Rufft un an huelt e Rendez-vous fir eng Coupe oder e Brushing; e klenge Patt gëtt et natierlech och dobäi !

 

Den Erléis vun deem Dag gëtt integral un d'Fondatioun KIWANIS gespend, mam Stéchwuert "Télévie 2017". Ënnerstetzt d'Fuerschung géint Kriibs a Leukämie. Bei eis maacht dir mat enger schéiner Coiffure e grousse Geste !

 

Kuckt och op http://televie.rtl.lu/agenda/

 

MERCI ! ♥

 

In regard to the big Televie-Day on April 22nd 2017, the Hairsalon Daniela Zimmermann Hairdressing will launch its first fund-raising campaign "With Heart and Hair".

This campaign will take place on Sunday, December 18th 2016 in Berdorf.

Everybody can participate - woman, man and child - in order to obtain a high amount. Just give us a call and take an appointment for a haircut or a blow-drying; refreshments are going to be served as well !

 

The money raised on that day will be transferred entirely to the KIWANIS-foundation with the keyword "Télévie 2017". Support the research against cancer and leukemia. With a great haircut you can do a great gesture !

 

Visit also http://televie.rtl.lu/agenda/

 

THANK YOU ! ♥

 


16/10/2016: D 'Fest war e risen Erfolleg !

Nach eng Kéier e grousse Merci un all déi Leit déi lanescht komm sinn ! Ech hu mech riseg op är Participatioun gefreet.

 

Dir fannt geschwënn méi Biller ënnert der Rubrik "Fotoen".

 

Thanks again to all the people who came by ! I was immensely happy about your participation.

 

Soon you'll find more pictures under the section "Fotoen".

Aweihungsfoto a Präsenz vum Buergermeeschter Ern Walerius (u.l.) a vum Echevin Joé Nilles (ë.l.)

E grousse Merci un d'Aline an de Romain Schmiz fir hir wäertvoll Participatioun u méngem Projet.


01/10/2016: Offiziell Ouverture vum DZH-Salon

Léif Clients,

 

Ee Mount ass geschwë vergaangen, an ech wollt vun der Occasioun profitéieren fir all Deene Merci ze soen, déi mech bis ewell ënnerstetzt hunn. Meng sympatesch Clientèle mécht mir mäin Alldag zu engem immense Spaass, an ech kann nemme soen, dass ech mech op déi nächsten Zäiten mat Iech zesumme freeën.

Fir Iech richteg Merci soen ze kënnen, invitéieren ech Iech op meng Porte ouverte de Sonndeg, 16. Oktober 2016 ab 12.00 Auer.

 

Dear customers,

 

After almost one month of work i want to profit from the occasion and say thank you to all those who supported me during this period. My customers make an immense fun time out of my everyday work, and I am happy to spend a hopefully long period of time with you.

To show you my gratitude, I invite you to my official salon opening, which will take place on sunday, October 16th 2016 at 12.00 p.m.


15/09/2016: Ouverture vu mengem Geschäft

Léif Clients,

 

Ech hunn déi grouss Freed Iech unzekënnegen, dass ech de 15. September 2016 um 09.00 Auer fir Iech meng Dieren opmaachen. Ech freeë mech fir desen Challenge, a kann et kaum erwaarden Iech hei ze empfänken. Bis geschwënn.

 

Dear Customers,

 

It is an immense joy to inform you that I will open my doors on September 15th, 2016 at 09.00 a.m. I can't wait for this new challenge and to welcoming you here at my hairsalon. See you soon.


01/09/2016: "A little preview"

Aarbechte lafen op Héichtouren am Salon Daniela Zimmermann Hairdressing.